Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Lady B.P. Leideleng

Go Urban

Programm WWW.GOURBAN.LU

Mir erschafen eng nei Stad, eis Guiden- a Scoutsstad! An dëser Stad ginn et Wunn- a Programmquartieren an e groussen Zentrum. Hei liewe mir als Guiden a Scouten zesummen, de Programm entsteet iwwert d’Liewen, d’Schaffen an de Spaass an eiser Stad. Et ass eng Stad, wou mir als Jonk an Aal, aus de verschiddene Branchen, de Camp zesummen erliewen.

D’Stad bitt verschidde Beräicher un an deenen de Programm wäert oflafen. Ewéi an enger richteger Stad gëtt geschafft, geléiert an awer och seng Fräizäit verbruecht. A veschiddene Quartiere kann esou jiddereen bei Aktivitéiten matmaachen déi him Spaass maachen a bei deenen hien eppes wëll bäiléieren. Och am Fonctionnement vum Camp, z.B. beim Ravi, der Campzeitung, der Logistik,… kann all Participant sech matabréngen. Um Go|Urban hunn d’Participanten d’Méiglechkeet sech fräi an den eenzele Programmquartieren ze beweegen an hire Programm selwer zesummenzestellen.

Och wann déi meescht Aktivitéiten um Go|Urban op der Campplaz an um Kirchbierg wäerten oflafen, sinn awer och een Hike mat enger Nuecht (ab der AvEx-Branche) a Visitë geplangt.

D’Haaptelementer vun eisem Programm:

Nohalteg: Mir wëllen, dass eis Aktivitéiten nohalteg sinn, dat bedeit, dass dat wat um Camp „produzéiert/hiergestallt“ gëtt, (z.B. an Atelieren) eng Weiderverwäertung fënnt. De Programm soll och no de Prinzipie vun der Bildung fir Nohaltegkeet organiséiert ginn.

Partizipativ: Als Participante bréngen mir eis Iddien an Talenter aktiv am Programm mat an a kënnen och selwer Atelieren/Spiller an de verschiddenste Beräicher ubidden. Jidderee kann an den eenzele Beräicher den Oflaf vu sengem Dag auswielen an sech esou no sengem Interessi säi Programm zesummestellen.

Oppen/Visibel: Bei all proposéiert Aktivitéit soll gekuckt ginn, dass en Expert (och Net-Guide/Scout) dës ka beräicheren. Eis Aktivitéite sollen och no bausse gedroe ginn, andeems mir an der Stad oder um Land aktiv sinn (z.B. Park, Foussgängerzone, Place d’Armes). Aner Aktivitéite sollen de Camp dann och nach opmaache fir d’Leit vun dobaussen (z.B. Besuchsdag).

Ganzheetlech/Edukativ: All Aktivitéit muss an de Kader vum edukative Konzept vun den LGS (Lëtzebuerger Guiden a Scouten) passen. Fir de Jonken ass et kloer a wat fir engem vun deene 5 edukativen Entwécklungsberäicher hien sech grad weiderbilt. Hie soll iwwert de Camp all Beräicher (Go|Adventure, Go|Creative, Go|Mind & Spirit, Go|Nature, Go|Social) ofdecke fir eng ganzheetlech Entwécklung kënne matzemaachen.

Downloads:
(0 votes)
DateSaturday, 18 March 2017 14:22
File Size 26.66 KB
Download 2,844

Tags: Biber, Albatrossen, RaRo, CaraPio, AvEx, Wëllefcher

Gidd och dir Member bei den Leidelenger Guiden a Scouten an erliewt flott Momenter an der Natur!