Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Lady B.P. Leideleng

LGSL - Branchen

De Scoutismus gouf 1907 vum Lord Baden-Powell an England gegrënnt. Säitdeem ass de Scoutsmouvement weltwäit gewuess.

De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten gouf 1919 gegrënnt. Duerno huet sech de Scoutismus och an eisem Grand-Duché verbreet. Eréischt 1994 hunn d’Guide mat de Scouten zu Lëtzebuerg fusionéiert, dat heescht d’Meedercher an d’Jongen hunn dunn zesumme geschafft.

Tëscht de Joren 1976 an 1993 ware scho Guiden zu Leideleng aktiv. Well et dunn awer net méi genuch Cheftainen zu Leideleng goufen, hu si opgehal a vill Kanner sinn op Märel an d’Scoute gaangen.

De Leidelenger Grupp Lady BP staamt dohier ursprénglech vum Grupp Märel St. Gengoul of. Deemools waren et haaptsächlech Leidelenger Kanner, déi all Samschden op Märel an d’Scoutsverammlunge gaange sinn. Doropshin hunn déi motivéiert Märeler Cheftainen a Chef am Joer 2001 decidéiert, mam Grupp op Leideleng ze plënneren, fir do de Kanner de Scoutismus méi no bréngen.

Ugangs hunn d’Scoutsaktivitéiten haaptsächlech am Chalet vun den Oeuvres paroissiales stattfonnt. Am Joer 2010 gouf dunn een neie Scoutschalet ageweit, deen mat Hëllef vun der Gemeng an dem Jugendministère erméiglecht gouf.

Zënterhier ass de Leidelenger Grupp gewuess. Et si vill flott Momenter erlieft a Frëndschafte geschloss ginn.

Bei den Leidelenger Guiden a Scouten fannt dir folgend Branchen:

Biber
Wellefcher
AvEx
CaraPio
RaRo
Albatrossen

 

PHILOSOPHIE/WAT MAACHE MIR?

[Source: www.lgs.lu] D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir aneren z’iwwerhuelen. An deem Sënn bidden eis motivéiert Fräiwëlleg de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.

Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen

Zesummen a Gruppe kann all Eenzele flott Erfahrunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir aneren, anzesetzen.

 

Eis Cheffen vun den Branchen

Alex GANSEN

Alex GANSEN

Anne MAUSEN

Anne MAUSEN

Noemi GINDT

Noemi GINDT

Leo VAN DYCK

Leo VAN DYCK

Jeia SCHOLTUS

Jeia SCHOLTUS

Christelle VAN DYCK

Christelle VAN DYCK

Maxim BERCHEM

Maxim BERCHEM

Pol DAUBENFELD

Pol DAUBENFELD

Pit ROTH

Pit ROTH

Antoine BERCHEM

Antoine BERCHEM

Sarah FALLAH

Sarah FALLAH

Max TERNES

Max TERNES

Carine GANSEN

Carine GANSEN

Noémie HEYMANS

Noémie HEYMANS

Pit DEMUTH

Pit DEMUTH

 

Den Grupp get geleet vun

Gruppechef: Pit Demuth
Gruppechef-Adjoint: Noémie Heymans & Alex Gansen
Secrétaire: Noemi Gindt
Caissier: Manon Arent

Tags: Biber, Albatrossen, RaRo, CaraPio, AvEx, Wëllefcher

Gidd och dir Member bei den Leidelenger Guiden a Scouten an erliewt flott Momenter an der Natur!