Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Lady B.P. Leideleng

  • Lëtzebuerger Guiden a ScoutenLady B.P. Leideleng

    Lëtzebuerger Guiden a Scouten
    Lady B.P. Leideleng

Komm an d'Biber!

flyer jpeg

Du bass am 1. oder 2. Schouljoer?

   Du hues Loscht op Spill a Spaass?

      Du wëlls Natur a Bulli?

Da bass du bei de Biber genau richteg!

Komm an eis 1. Versammlung a looss dech vum Scoutsvirus ustiechen!

Wéini? 30. September 2017 / 9h30-11h30

Wou? beim Gaalgebësch zu Leideleng (rue de la forêt)

Froen? This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Read more

Kulinaresche Rallye 2017

Kulinaresche Rallye 2017

E kulinaresche Rallye duerch Leideleng.

Départ ass den 28. Mee 2017 tëscht 11:00 an 12:30 op der Schwéngsweed beim Scouts Chalet.
Prais: Kanner (<12 Joer) 10€; Erwuessener 15€.
Um 16:00 spillen d'Leidelenger Musikussen.

Deadline fir sech unzemellen e Freiden (26.05) um 10 Auer.

Unmëllen

Read more

Mam Pippi Langstrumpf um Tour!

Mam Pippi Langstrumpf um Tour!

Den 29. Abrëll haten d'Biber héije Besuch kritt. D'Pippi Langstrumpf hat mat hinnen ee geckeg Rallye duerch de Bësch gemaach.

D'Biber hu missen de Wee fannen andeem si rout Fiedem gesicht hunn. Ënnerwee hu si misse weise wéi vill Muskelen si hunn, wéi flénk si sinn a wéi vill Kopplabunzen si kënne schloen. Jidderee konnt och eng Pissblumm plécken an sech eppes wënschen. Als Ofschloss hu si all zesummen d'Villa Konterbont gemoolt.

Kuckt Iech einfach un, wéi flott dat war!

 

IMG 4138-min
IMG 4139-min
IMG 4140-min
IMG 4142-min
IMG 4146-min
IMG 4149-min
IMG 4161-min
IMG 4165-min
IMG 4169-min
IMG 4170-min
IMG 4171-min
IMG 4184-min
IMG 4191-min

Read more

Marche Gourmande

Marche Gourmande "Scouts Welcome Refugees"

Samschdes, den 29. Abrëll hunn d'Leidelenger Cheffen bei enger Marche Gourmande matgemaach. Des Marche Gourmande stoung ënnert dem Moto "Scouts Welcome Refugees" a gouf zesummen vun den LGS an der FNEL organiséier.

A gemëschte Gruppen goung et Moies um 9 Auer an der Géisserei lass. Ziel war den Fetschenhaff an dertëscht hunn 10 Statiounen mat spannende Spiller an leckerem Iessen ob si gewaart. Während dem ganzen Dag haaten d'Scouten an d'Refugiéeën d'Méiglechkeet sech géigesäiteg awer och verschidde  Länner wéi Portugal, Syrien, Lëtzebuerg, den Nepal oder de Senegal besser kennen ze léieren.

Read more

Gidd och dir Member bei den Leidelenger Guiden a Scouten an erliewt flott Momenter an der Natur!