LGSL - Branchen
De Scoutismus gouf 1907 vum Lord Baden-Powell an England gegrënnt. Säitdeem ass de Scoutsmouvement weltwäit gewuess.
De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten gouf 1919 gegrënnt. Duerno huet sech de Scoutismus och an eisem Grand-Duché verbreet. Eréischt 1994 hunn d’Guide mat de Scouten zu Lëtzebuerg fusionéiert, dat heescht d’Meedercher an d’Jongen hunn dunn zesumme geschafft.
Tëscht de Joren 1976 an 1993 ware scho Guiden zu Leideleng aktiv. Well et dunn awer net méi genuch Cheftainen zu Leideleng goufen, hu si opgehal a vill Kanner sinn op Märel an d’Scoute gaangen.
De Leidelenger Grupp Lady BP staamt dohier ursprénglech vum Grupp Märel St. Gengoul of. Deemools waren et haaptsächlech Leidelenger Kanner, déi all Samschden op Märel an d’Scoutsverammlunge gaange sinn. Doropshin hunn déi motivéiert Märeler Cheftainen a Chef am Joer 2001 decidéiert, mam Grupp op Leideleng ze plënneren, fir do de Kanner de Scoutismus méi no bréngen.
Ugangs hunn d’Scoutsaktivitéiten haaptsächlech am Chalet vun den Oeuvres paroissiales stattfonnt. Am Joer 2010 gouf dunn een neie Scoutschalet ageweit, deen mat Hëllef vun der Gemeng an dem Jugendministère erméiglecht gouf.
Zënterhier ass de Leidelenger Grupp gewuess. Et si vill flott Momenter erlieft a Frëndschafte geschloss ginn.
Bei den Leidelenger Guiden a Scouten fannt dir folgend Branchen:
PHILOSOPHIE/WAT MAACHE MIR?
[Source: www.lgs.lu] D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten sinn de gréissten edukative Jugendmouvement zu Lëtzebuerg. Eis Missioun ass et, déi Jonk dorop virzebereeden, spéiderhi Responsabilitéit fir sech a fir aneren z’iwwerhuelen. An deem Sënn bidden eis motivéiert Fräiwëlleg de Jonken en oppene Kader, wou jiddereen aktiv matmaachen a matbestëmmen dierf.
Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen
Zesummen a Gruppe kann all Eenzele flott Erfahrunge maachen, Frëndschafte schléissen, sozial Fäegkeete léieren an sech perséinlech weider entwéckelen. Bei den LGS léieren déi Jonk d’Natur ze respektéieren, iwwer sech selwer an hiert Ëmfeld nozedenke fir sech spéider aktiv, och fir aneren, anzesetzen.
Eis Cheffen vun den Branchen
Pit DEMUTH
Pol DAUBENFELD
Carine GANSEN
Antoine BERCHEM
Anne MAUSEN
Maxim BERCHEM
Christelle VAN DYCK
Noémie HEYMANS
Noemi GINDT
Sarah FALLAH
Jeia SCHOLTUS
Alex GANSEN
Pit ROTH
Max TERNES
Leo VAN DYCK
Den Grupp get geleet vun
Tags: Biber, Albatrossen, RaRo, CaraPio, AvEx, Wëllefcher