Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Lady B.P. Leideleng

Br CaraPio

LGSL - CaraPio

Carapio ass d’Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joer. An onser Trupp schaffe Meedercher a Jongen zesummen.

Sie treffen sech regelméisseg, dënschdes vu 19:30 bis 21:00 am Chalet op der Schwengsweed fir zesumme flott Entreprisen (sou heeschen d’Aktivitéite bei de Carapio) ze organiséieren an duerchzeféieren. E grousse Wäert gëtt op d’Matbestëmmung, souwuel bei der Weil a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéie vun den Entreprisen. Et läit op der Hand, dass also och Matverantwortung an d’Engagement grouss geschriwwe ginn. Wat mir erliewen? De Startschoss fir et neit Joer ass ëmmer d’Montée, wou déi nei Carapio an d’Trupp opgeholl ginn. Am Laf vum Joer ginn dann etlech Entreprisen zesumme geplangt. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoer ass awer de Camp, dee bei de Carapio meeschtens am Ausland ass.

Ons Zieler si folgend:

  • Kenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen
  • Knëppe vun internationale Frëndschaften
  • Abenteuer erliewen, sech trauen, Erfahrunge maachen
  • Am Grupp liewen an zesumme schaffen
  • D’Natur a senge Verschiddenheeten erliewen

Grenzen iwwerwannen: „Fuer duer“ ass de Sproch vun de Carapio: organiséier eppes, maach eppes, start eng, zesumme mat denge Frënn.

D’Carapiomethod fannt dir an dësem Dokument.

[ source: www.lgs.lu ]

 

Noemi GINDT

Noemi GINDT

Tags: CaraPio

Gidd och dir Member bei den Leidelenger Guiden a Scouten an erliewt flott Momenter an der Natur!