Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Lady B.P. Leideleng

Br Avex

LGSL - AvEx

D’Branche vun den AvEx ennerhällt Scoute vun 11-14 Joer. An dësem Alter fänken déi Jugendlech un méi räif ze gi wéi am Wëllefchersalter. Dofir ginn an den AvEx aner Aktivitéiten a Praktiken an de Virdergrond gestallt.

D’AvEx Method (Dat si souzesoen d’Regele vun den AvEx) seet dass an dëser Branche Saache wéi learning by doing a Feedback vun den AvEx dat wichtegst sinn.

Mir maachen Aktivitéiten déi kierperlech wéi och mental méi usprochsvoll si wéi an de Wëllefcher.

Zum Beispill léieren d’AvEx wéi ee Feier mècht, Konstruktioune baut a wéi ee gutt an enger Grupp fonctionnéiert. Fir vill Scouten ass d’AvEx Zäit eng vun deene flottste well mir och schonn d’Méiglechkeet hunn fir an d’Ausland ze goen, wat ganz vill Méiglechkeeten a Flott Erfahrunge mat sech bréngt.

Also zeckt net äert Kand (oder iech) anzeschreiwen, och wann äert Kand (oder dir) nach net an de Scoute war sinn d’Avex e gudden Alter fir eng Scoutscarrière ze starten.

Antoine BERCHEM

Antoine BERCHEM

Max TERNES

Max TERNES

Carine GANSEN

Carine GANSEN

Maxime BERCHEM

Maxime BERCHEM

Tags: AvEx

Gidd och dir Member bei den Leidelenger Guiden a Scouten an erliewt flott Momenter an der Natur!