Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Lady B.P. Leideleng

  • Lëtzebuerger Guiden a ScoutenLady B.P. Leideleng

    Lëtzebuerger Guiden a Scouten
    Lady B.P. Leideleng

Den 29. Januar 2017 organiséieren d’Leidelenger Guiden a Scouten de “Klapp de Scout”, e Spillnomëtteg fir déi Erwuessen a fir d ́Kanner, also fir déi ganz Famill. An Ekippe vun 3-6 Leit erlieft dir en Nomëtte voller kreativ a lëschteg Spiller. Mir géifen eis freeën, wann dir mat ärer Famill oder äre Frënn um Spillnomëtteg géift untrieden.

Lass geet et ab 15:00 Auer am Sall “Rob Roemen” am Centre Culturel “An der Eech”. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. 

Tags: Biber, Wëllefcher

Gidd och dir Member bei den Leidelenger Guiden a Scouten an erliewt flott Momenter an der Natur!