Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Lady B.P. Leideleng

  • Lëtzebuerger Guiden a ScoutenLady B.P. Leideleng

    Lëtzebuerger Guiden a Scouten
    Lady B.P. Leideleng

Um Ufank vum neie Guiden- a Scoutsjoer 2017 hunn d'Biber Konscht an a mat der Natur erlieft. Si hu sech all ee Pinsel selwer gebaut mat Material, wat si am Bësch fonnt hunn. Duerno krute si Faarwen a Blieder a si konnten hirer Kreativitéit fräie Laf loossen. Fir hiert zweet Wierk, krute si Blieder a Pesch an du konnte si drop lass peschen an hu verschidden Déieren duergestallt. Kuckt Iech un, wat fir Konschtwierker erauskomm sinn!

P1080784-min
P1080792-min
P1080794-min
P1080808-min
P1080823-min
P1080827-min
P1080833-min
P1080834-min
P1080838-min
P1080840-min
P1080843-min
P1080844-min
P1080849-min
P1080856-min
P1080866-min
P1080871-min
P1080872-min

flyer jpeg

Du bass am 1. oder 2. Schouljoer?

   Du hues Loscht op Spill a Spaass?

      Du wëlls Natur a Bulli?

Da bass du bei de Biber genau richteg!

Komm an eis 1. Versammlung a looss dech vum Scoutsvirus ustiechen!

Wéini? 30. September 2017 / 9h30-11h30

Wou? beim Gaalgebësch zu Leideleng (rue de la forêt)

Froen? This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Den 29. Abrëll haten d'Biber héije Besuch kritt. D'Pippi Langstrumpf hat mat hinnen ee geckeg Rallye duerch de Bësch gemaach.

D'Biber hu missen de Wee fannen andeem si rout Fiedem gesicht hunn. Ënnerwee hu si misse weise wéi vill Muskelen si hunn, wéi flénk si sinn a wéi vill Kopplabunzen si kënne schloen. Jidderee konnt och eng Pissblumm plécken an sech eppes wënschen. Als Ofschloss hu si all zesummen d'Villa Konterbont gemoolt.

Kuckt Iech einfach un, wéi flott dat war!

 

IMG 4138-min
IMG 4139-min
IMG 4140-min
IMG 4142-min
IMG 4146-min
IMG 4149-min
IMG 4161-min
IMG 4165-min
IMG 4169-min
IMG 4170-min
IMG 4171-min
IMG 4184-min
IMG 4191-min

Gidd och dir Member bei den Leidelenger Guiden a Scouten an erliewt flott Momenter an der Natur!