Lady BP Leideleng
Iwwer eis
E lokale Scoutsgrupp mat enger laanger Geschicht, engem eegene Chalet a vill Loscht, zesummen eppes ze erliewen.
Fir mech, fir dech, fir eis, fir jiddereen.
Mir wëllen déi Jonk drop virbereeden, Verantwortung fir sech a fir anerer ze iwwerhuelen. An engem oppene Kader dierf jidderee matmaachen a matbestëmmen.
Zesumme maache mir Erfarungen, knëppe Frëndschaften, léiere sozial Fäegkeeten a respektéieren d’Natur. D’Method ass einfach: selwer ausprobéieren, Verantwortung kréien an als Grupp wuessen.
D’Amicale: d’Frënn hannert dem GruppEis Geschicht
Vum Grupp Märel op d’Schwengsweed
De Scoutismus gouf 1907 vum Lord Baden-Powell an England gegrënnt. De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten gouf 1919 gegrënnt; 1994 hunn d’Guiden an d’Scouten zu Lëtzebuerg fusionéiert.
Tëscht 1976 an 1993 ware scho Guiden zu Leideleng aktiv. Wéi et net méi genuch Cheftaine gouf, sinn eng Rei Kanner op Märel an d’Scoute gaangen. Lady BP staamt dofir ursprénglech vum Grupp Märel St. Gengoul of. Well vill Leidelenger Kanner samschdes dohinner gefuer sinn, ass de Grupp 2001 op Leideleng geplënnert.
Am Ufank waren d’Aktivitéiten haaptsächlech am Chalet vun den Oeuvres paroissiales. 2010 gouf mat Hëllef vun der Gemeng an dem Jugendministère eist Scoutschalet op der Schwengsweed ageweit.
Eist Chalet
69d, rue de la Gare, L-3377 Leudelange
Grupperesponsabel
Alex Gansen
info@lgsl.luLeit hannert dem Grupp
Eis Chefekipp
- Gruppechef
- Alex Gansen
- Gruppechef-Adjointen
- Christelle Van Dyck an Antoine Berchem
- Sekretärin
- Christelle Van Dyck
- Tresorier
- Alex Gansen
Biber
Sara Fallah, Aurélie Van Dyck, Nils Brinckmann, Lizi Roth an Claudia Pepin
D’Chefekipp kenneléierenWëllefcher
Leo Van Dyck, Liz Eschbour, Teo Eschbour, Pierre Roth (Pit), Lilly Wiegandt, Nik Dhur an Raphaël Schmit
D’Chefekipp kenneléierenAvEx
Maxime Berchem, Carine Gansen, Christelle Van Dyck an Kieran Harris
D’Chefekipp kenneléierenCaraPio
Antoine Berchem
D’Chefekipp kenneléierenRaRo
Alex Gansen
D’Chefekipp kenneléierenAlbatrossen
Anne Mausen
D’Chefekipp kenneléierenAus eisem Gruppsliewen
Geschichten a Fotoen
Entdeck eis Aktivitéiten, Campen a gemeinsam Momenter.
