14–17 Joer

CaraPio

Projeten zesumme plangen, Verantwortung droen an d’Welt gesinn.

CaraPio · Lady BP Leideleng
VersammlungDonneschdes; Auerzäit bei der Chefekipp ufroen
ChefekippAntoine Berchem

Eis Chefekipp

  • Antoine BerchemAntoine Berchem

De Programm an eventuell Ännerunge kritt dir vun der Chefekipp. Fir den éischte Besuch, schwätzt iech wgl. am Viraus mat eis of.

CaraPio ass d’Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier. Meedercher a Jongen schaffen an eiser Trupp zesummen.

Si organiséieren an duerchféieren zesumme flott Entreprisen. Matbestëmmung bei der Wiel, der Virbereedung an der Ëmsetzung bedeit och Matverantwortung an Engagement.

D’Montée ass de Startschoss fir dat neit Scoutsjoer. Den Héichpunkt ass de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass.

D’Ziler sinn aner Länner, Kulturen a Liewensbedingungen kennenzeléieren, international Frëndschaften ze knëppen, Abenteuer an Erfarungen ze maachen, am Grupp ze liewen an ze schaffen an d’Natur ze erliewen.

„Fuer duer“ ass de Sproch vun de CaraPio: organiséier eppes, maach eppes a start eng Entreprise zesumme mat denge Frënn.

carapio@lgsl.luBei CaraPio matmaachen Zeréck bei d’Branchen