8–11 Joer

Wëllefcher

Mat Frënn d’Natur entdecken a léieren, selwer unzepaken.

An de Versammlunge gi mir oft eraus an d’Natur. Dobäi stinn de Spaass, d’Frëndschaft an d’Entdecken am Virdergrond. Mir leeën och vill Wäert op de Respekt vis-à-vis vun der Natur an eise Matmënschen.

Eis Versammlunge stinn oft ënner engem Thema a bauen op dem Prinzip „Learning by doing“ op. Mir ginn eemol am Joer op e Camp, een- bis zweemol op de Weekend a maachen e puer Sortien.

VersammlungSamschdes vun 14:00 bis 15:30
Aktuell ResponsabelLeo Van Dyck

Och aktiv an dëser Branche: Leo Van Dyck, Pit Roth

wellef@lgsl.lu Zeréck bei d’Branchen