E Summer op de Campen
Zu Beggen, op der Toutschemillen an an Éisträich: am Summer 2026 waren eis Biber, Wëllefcher an AvEx op de Campen ënnerwee.
Weiderliesen : E Summer op de Campen11–14 Joer
Teamwork, Erausfuerderungen a méi grouss Abenteuer.




De Programm an eventuell Ännerunge kritt dir vun der Chefekipp. Fir den éischte Besuch, schwätzt iech wgl. am Viraus mat eis of.
An dësem Alter fänken déi Jugendlech un, méi räif ze ginn. Dofir ginn aner Aktivitéiten a Praktiken an de Virdergrond gestallt.
Bei den AvEx si „Learning by doing“ an de Feedback vun de Jonke besonnesch wichteg. D’Aktivitéite si kierperlech a mental méi usprochsvoll wéi bei de Wëllefcher.
D’AvEx léieren zum Beispill, wéi ee Feier mécht, Konstruktioune baut a gutt an enger Grupp funktionéiert. Si kënnen och schonn an d’Ausland goen a vill nei Erfarunge sammelen.
Och ouni fréier Scoutserfarung ass dëst e gudden Alter, fir bei de Scouten unzefänken.
Dës Branche hunn och begleet: Antoine Berchem, Carine Gansen, Maxime Berchem, Christelle Van Dyck
avex@lgsl.luBei AvEx matmaachen Zeréck bei d’Branchen