Den 29. Abrëll haten d'Biber héije Besuch kritt. D'Pippi Langstrumpf hat mat hinnen ee geckeg Rallye duerch de Bësch gemaach.
D'Biber hu missen de Wee fannen andeem si rout Fiedem gesicht hunn. Ënnerwee hu si misse weise wéi vill Muskelen si hunn, wéi flénk si sinn a wéi vill Kopplabunzen si kënne schloen. Jidderee konnt och eng Pissblumm plécken an sech eppes wënschen. Als Ofschloss hu si all zesummen d'Villa Konterbont gemoolt.
Kuckt Iech einfach un, wéi flott dat war!
Am März hun d'Biber ee ganzen Dag an der Natur verbruecht. Si hun eng Zäitrees gemaach, ganz wäit an d'Vergaangenheet...si ware bis an d'Steenzäit gereest.
Hei si si op d'Juegd gaang fir ee Säbelzahntiger ze fänken. Duerno hun d'Biber Holz gesammelt, Feier ugefaangen a Spiesser geschnitzt fir den Tiger ze grillen.
Nom Mëttegiessen gouf weider geschafft: een Steenzäit Tic-Tac-Toe an engem Liedersäckelchen.
Als Ofschloss hu mir all zesummen eng grouss Hütt gebaut.
Den 29.01.2017 haaten déi Leidelenger Guiden a Scouten hieren traditionellen "Klapp de Scout", wou et drëm gangen ass esou vill wei meiglech Punkten se sammelen bei de Spiller, déi sech d'Cheffen ausgeduecht hun.
D'Andreck fannt dir op de Photoen.
D'Biber hun ee Buerféiss-Pad selwer gebaut an duerno ausprobéiert :)
Eis Montée war vum 1.-2. Oktober 2016 zu Beggen um Eecher Feld.
D'Biber an d'Wëllefcher hu lauter flott Minions-Challengen gemaach.