Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Lady B.P. Leideleng

Päischtcamp

IMG-20190610-WA0000
IMG-20190610-WA0002
IMG-20190610-WA0017
IMG-20190610-WA0020
IMG-20190610-WA0023
IMG-20190610-WA0025
IMG-20190610-WA0026
IMG-20190610-WA0031
IMG-20190610-WA0032

Den 8. Juni hu mir eis mat engem Bus op de Wee op Ostend gemaach, wou mir de Camp mat engem Rallye gestart hunn. Duerno si mir de Rescht vum Wee mam Bus op Bredene gefuer, wou sech eise Chalet befonnt huet. Owes hu mir dunn "Klapp de Chef" gespillt. Duerno si mir an d'Bett gaange fir datt mir den nächsten Dag fit wieren.

Den Dag drop hu mir de ganzen Dag op der Plage verbruecht wou mir Spiller, e Volleyballstournoi an e Sandbuergecontest gemaach hunn.

De leschten Dag hu mir eis mat engem klenge Picknick op de Wee Richtung Lëtzebuerg gemaach. Ënnerwee hu mir dunn e Stopp zu Dinant ageluecht, wou mir entweder geklotert oder Kayak gefuer sinn.

Dat war eise klenge, flotte Päischtcamp.

Tags: CaraPio

Gidd och dir Member bei den Leidelenger Guiden a Scouten an erliewt flott Momenter an der Natur!