Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Lady B.P. Leideleng

Biber- a Wëllefchersmontée 2017

Wéi all Joer, sinn d'Leidelenger Guiden a Scouten och dëst Joer op de Montéesweekend gaangen. Hei maachen ëmmer déi eelst Kanner a Jugendlecher aus enger Branche hier Montée an déi nächst Branche. Och déi grouss Biber maache schonn eng Montée fir an d'Wëllefcher erop ze goen. De Montéesweekend 2017 huet vum 20. bis den 21. Oktober an a ronderëm d'Géisserei an der Stad stattfonnt.

Samsdes Owes hunn d'Biber an d'Wëllefcher zesummen e Nuets-Rallye zum Thema "Finding Dory" gemaach. Sonndes Moies stounge verschidde flott Aktivitéiten zum Thema "Dreck am Mier" um Programm. Nom Mëttegiessen huet all Biber a Wëllefchen ee Flooss aus Naturmaterial gebaut, dee mir als Ofschloss op der Baach schwamme gelooss hunn.

 

P1080892-min
P1080896-min
P1080899-min
P1080901-min
P1080909-min
P1080910-min
P1080912-min
P1080923-min
P1080927-min
P1080929-min
P1080931-min
P1080932-min
P1080933-min
P1080934-min
P1080935-min
P1080937-min
P1080943-min
P1080945-min
P1080946-min
P1080947-min

Tags: Biber

Gidd och dir Member bei den Leidelenger Guiden a Scouten an erliewt flott Momenter an der Natur!