RaRo
Vum 10. bis de 14. August waren eis RaRo um Camp am Schwarzwald. Um Programm stounge Bësch, Waasserfäll a gemeinsam Aktivitéiten dobaussen.
Si hunn de Baumwipfelpfad besicht, Minigolf gespillt an am Alternativen Wolf- und Bärenpark Wëllef a Biere gesinn.
Op engem 3D-Bogeschéissparcours konnten d’RaRo hir Zilgenauegkeet testen. D’Allerheiligen-Waasserfäll an de Mehliskopf hunn och zu dëse fënnef Deeg am Schwarzwald gehéiert.
D’Fotoe vun dëser Aktivitéit All Geschichten
