Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Lady B.P. Leideleng

Home 2018

20180807 113430
36288582 443682102724729 5465131917479247872 o
37260411 459492317810374 5753298865553932288 o
38921004 484495458643393 1355472295430193152 o
39075724 485794275180178 3252674712894963712 o
39108250 1888305178145833 2416063522275328000 o
39116400 1888305284812489 6332983403129864192 o
39124652 1888320234810994 506524975188934656 o
IMG 5398

Am August 2018 ware mir an Éisträich op den internationale Camp “Home”.

Den éischten Dag hu mir eis Campplaz opgeriicht an Owes war d’Eröffnungsfeier vum Camp. Mir hunn eis eng Home-Base mat de Gruppe Ludesch a Langholzfeld aus Éisträich gedeelt an hunn eis no an no ëmmer besser mat hinne verstanen.

Um Tag der offenen Töpfe, wou all d’Länner hir Spezialitéite presentéiert hunn, koumen eis Lëtzebuerger Kniddelen zimlech gutt un.

Dat Speziellt un dësem Camp war den Hike. Et gouf nämlech keen. A senger Plaz konnte mir eisen eegenen Ausfluch organiséieren. Do si mir an d’Piscine gaangen an hunn zu Bergheim an engem Chalet e Mozartkugel-Concours gemaach.

De Méinden drop war de Blue-Monday, wou mir a gemëschte Gruppe wärend 100 Minutten 100 Aufgaben hu misse packen.

Tags: CaraPio

Gidd och dir Member bei den Leidelenger Guiden a Scouten an erliewt flott Momenter an der Natur!