Marche Gourmande "Scouts Welcome Refugees"
Samschdes, den 29. Abrëll hunn d'Leidelenger Cheffen bei enger Marche Gourmande matgemaach. Des Marche Gourmande stoung ënnert dem Moto "Scouts Welcome Refugees" a gouf zesummen vun den LGS an der FNEL organiséier.
A gemëschte Gruppen goung et Moies um 9 Auer an der Géisserei lass. Ziel war den Fetschenhaff an dertëscht hunn 10 Statiounen mat spannende Spiller an leckerem Iessen ob si gewaart. Während dem ganzen Dag haaten d'Scouten an d'Refugiéeën d'Méiglechkeet sech géigesäiteg awer och verschidde Länner wéi Portugal, Syrien, Lëtzebuerg, den Nepal oder de Senegal besser kennen ze léieren.