Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Lady B.P. Leideleng

Chillt Mat 2018

Den 19. Mee 2018 sinn d'Äischener, d'Bartrenger, d'Centser, d'Walfer, d'Lampertsbierger an d'Leidelenger CaraPio zesumme mam Bus an d'Vogese gefuer. Dëst war zum Ulass vun eisem jährleche Päischtcamp vun der CaraPio Regional Ekipp.

Um Schildmatt an de Vogesen ukomm, si mir gewuer ginn, datt de Camp Chillt Mat heescht a mir 3 Deeg an enger klenger, chilleger Hütt um Bierg verbrénge wäerten. Samschdes Mëttes hu mir dunn eng Rei vu sportlechen Aktivitéite gemaach, déi mer eng "Chillympiad" genannt hunn.
Eisen zweeten Dag huet scho fréi ugefaangen, well en Hike duerch d'Vogesen ustoung. Den Hike war vu gudder Distanz a bal all Grupp ass mat Zäit nees zréck gewiercht. Mer konnten eng verdéngten Dusch huelen an hunn dunn Yoga gemaach. De Rescht vum Owend hu mer nach mat Volleyball, Kaartespiller an engem Lagerfeier gefëllt.

De leschten Dag hu mer eis Saache gepaakt, de Chalet geraumt a sinn da mam Bus op Stroossbuerg gefuer. Do hu mer eng flott Partie Mister X gespillt an eis dono op den Heemwee gemaach.

De Camp huet eis insgesamt ganz gutt gefall a mir hu vill nei Frëndschafte geschloss.

20180519 144043
20180520 145359
20180520 145426
33216349 2074495715913562 2487622981711298560 o
IMG-20180521-WA0036
IMG-20180521-WA0070
IMG-20180521-WA0118
IMG-20180521-WA0119
IMG-20180521-WA0120
IMG-20180521-WA0121
IMG-20180521-WA0122
IMG-20180522-WA0008
IMG-20180522-WA0022
IMG-20180522-WA0023
IMG-20180522-WA0032
IMG-20180522-WA0039
IMG-20180522-WA0043
IMG-20180524-WA0000

Gidd och dir Member bei den Leidelenger Guiden a Scouten an erliewt flott Momenter an der Natur!