Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Lady B.P. Leideleng

JoCaPi 2018

D'leidelenger CaraPio hu sech Moies fréi, den 25. Mäerz 2018 op de Wee op Nidderaanwen op d'JoCaPio gemaach. D'Thema vun der dësjäreger JOurnée CAraPIo war "D'Alice am Wonnerland". Wärend eisem Rallye duerch de Bësch misste mir vill verschidde Spiller maachen a Froebéi ausfëllen wéi z.B. "Schwammball" a "Memory".

Beim Spill "Schwammball" goung et drëms ee, mat Waasser voll gesuckelte Schwamm iwwert eng Plan ze schéissen, wou dann de Rescht vun der Ekipp en huet missen opfänken an iwwert engem Eemer ausquetschen. D'Zil vum Spill war et, den Eemer sou séier wéi méiglech opzefëllen. Dobäi goungen puer Saachen schif an duerno wa jiddwereen naass a knaschteg.
De Memory dogéint war mat Figuren aus der Geschicht "D'Alice am Wonnerland" an ëmmer wann een zwou Kaarten ëmgedréint huet, déi net zesumme passen, misst een e Parcours lafen.

Déi Grupp, déi déi meeschte Punkte bei de Spiller an de Froe gesammelt huet, gewënnt e Gedrénks a muss d'JoCaPi dat Joer drop organiséieren. Mëttes gouf et du Spaghetti ze iessen a Kuch fir deen een extra bezuele misst ;)

Nom Mëttegiessen si mir dann nach en anere Wee gaangen, wou mir nach aner Aktivitéite maache missten. Mir hu vill aner Scouten erëmgesinn, déi mir scho vum Go|Urban kannt hunn.

Zum Schluss war dann nach d'Präisiwwerreechung (d'nächst Joer gi mir op Miersch) an da konnte mir heemgoen, mat ville neien Erfarungen a Kenntnisser iwwert d'Mäerchen. Mir hunn e schéinen Sonndeg zu Nidderaanwen verbruecht.

Christelle, Luna & Simon vun de CaraPio

20180325 101854
20180325 104148
20180325 114003
20180325 114628
20180325 115535
20180325 123810
20180325 130320
20180325 130403
20180325 152537
20180325 154014
20180325 162043
20180325 162731
20180325 162745
FB IMG 1522083556993

Tags: CaraPio

Gidd och dir Member bei den Leidelenger Guiden a Scouten an erliewt flott Momenter an der Natur!